Ödön von Horváth
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Edmund Josef von Horváth (bekannt als Ödön von Horváth), gebuer den 9. Dezember 1901 zu Sušak, haut e Quartier vu Rijeka, a Kroatien (deemools Fiume), a gestuerwen den 1. Juni 1938 zu Paräis, war en éisträich-ungaresche Schrëftsteller, deen op Däitsch geschriwwen huet.
Ödön von Horváth | |
---|---|
Gebuertsnumm | Edmund Josef von Horváth |
Gebuer |
9. Dezember 1901 Rijeka |
Gestuerwen |
1. Juni 1938 Avenue des Champs-Élysées |
Nationalitéit | Ungarn |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Dramatiker, Schrëftsteller |
Bekannt gouf hien ë. a. duerch seng Theaterstécker Geschichten aus dem Wiener Wald, Glaube Liebe Hoffnung a Kasimir und Karoline souwéi duerch seng zäitkritesch Romaner Der ewige Spießer, Jugend ohne Gott an Ein Kind unserer Zeit.
Hien huet zanter den 1920er Joren haaptsächlech an Däitschland gewunnt, wou en, nodeems d'Nazien 1933 un d'Muecht komm waren, ëmmer méi Schwieregkeete krut; och, well seng Stécker net méi opgefouert duerfte ginn. Säi Roman Jugend ohne Gott ass 1937 zu Amsterdam erauskomm a gouf an Däitschland verbueden.
Den 1. Juni 1938 hat hien zu Paräis e Rendez-vous mam Filmregisseur Robert Siodmak, fir mat him iwwer eng Verfilmung vum Roman ze schwätzen. Ma bei engem schwéieren Donnerwieder gouf hie vun engem Aascht, dee vun engem Bam gebrach ass, erschloen.
Dem Horvath säi Wierk setzt sech kritesch mat de sozialen Emstänn vu senger Zäit auserneen; dacks sinn et d'Eenzelschicksaler vu veraarmte Klengbierger ouni Perspektiv, oder vu Fraen, déi an der patriarchalescher Gesellschaft gefaange sinn. A méi spéide Stécker komme reliéis Komponenten an d'Fro no Verantwortung a Schold an d'Spill. Besonnesch a Jugend ohne Gott setzt hie sech mam Faschismus auserneen.
Zanter dem Enn vun den 1960er, wou en erëmentdeckt gouf, ass hien ëmmer nach en dacks gespillten Auteur op de Bünen.