10. Arrondissement vu Paräis
Stadbezierk vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 10. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Entrepôt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
Séier Fakten Quartieren, Awunner ...
Quartieren |
Saint-Vincent-de-Paul, Porte-Saint-Martin, Porte-Saint-Denis, Hôpital-Saint-Louis |
---|---|
Awunner | 83.543 |
Fläch | 2,89 km² |
Postcode | 75010 |
INSEE-Code | 75110 |
Koordinaten | 48°52'31,83"N, 2°21'28,27"O |
Zoumaachen
Déi aktuell Grenze vum 10. Arrondissement bestinn zanter 1860, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf. Den haitegen Arrondissement besteet aus den nërdlechen Deeler vun de fréieren 3. a 5. Arrondissementer.
Fréier huet den 10. Arrondissement Arrondissement de l'Enclos Saint-Laurent geheescht, mat Bezuch op de fréiere Maart an der rue Saint-Laurent, do wou hautdesdaags d'Gare de l'Est steet. Obwuel d'Gare schonn 1849 opgoung, ass den Arrondissement eréischt 1977 ëmgenannt ginn. Den aktuellen Arrondissement huet säin Numm vum Douanes-Depot an der rue Léon-Jouhaux.