Alemannesch
From Wikipedia, the free encyclopedia
Alemannesch ass en däitschen Dialekt, deen am Süde vun Däitschland, am Elsass, an der Schwäiz an am Vorarlberg (Éisträich) geschwat gëtt. Et gëtt véier verschidden Dialekter:
- Schwäbesch a Schwaben (Oste vu Baden-Württemberg a Weste vu Bayern)
- Nidderalemannesch am Norde vu Baden, an engem groussen Deel vum Elsass, am Vorarlberg an an Deeler vun der Schwäiz
- Héichalemannesch am Süde vu Baden, an engem groussen Deel vun der Schwäiz an am Süde vum Elsass
- Héchstalemannesch am Süde vun der Schwäiz
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An Däitschland, am Elsass an am Vorarlberg ass den Dialekt a Gefor auszestierwen, well Héichdäitsch dat Alemannescht ersetzt. Et gëtt virun allem vun ale Leit geschwat; um Land ass et méi heefeg wéi an de Stied.
Dee wichtegsten alemannesche Mondaartdichter ass de Johann Peter Hebel.