Allgemengt Walrecht
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner allgemengem Walrecht versteet een d'Recht fir jiddwereen, dee groussjäreg ass, kënne bei Wale matzemaachen. Ausname kënne sinn, wann ee seng biergerlech Rechter verluer huet (z. B. bei schwéiere Verbriechen) oder net d'Nationalitéit huet vun deem Land, an deem ee wunnt (bei Wale fir en nationaalt Parlament).
Éier et en allgemengt Walrecht gouf, gouf et a ville Länner dat sougenannt Zensus-Walrecht, dat heescht, et hunn nëmmen déi däerfe Wiele goen, déi e festgesate Minimum u Steiere bezuelt hunn. Och Fraen hu laang net däerfe wielen, an a verschiddene Länner (wéi z. B. a Südafrika vum Apartheidsregimm, oder och an den USA bis an d'Hallschent vum 20. Joerhonnert) war d'Hautfaarf e Krittär, wie wielen däerft a wien net.