Lurchen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lurchen, och nach Amphibië genannt, sinn eng Klass vun de Wierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6200 bekannten Aarten.
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Lurchen | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Panthermouken | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Amphibia „Gray“ 1825 | |||||||||||
Uerdnungen | |||||||||||
Fräschelurchen |
Zoumaachen
Hire wëssenschaftlechen Numm kënnt vum griicheschen ἀμφί, amphi = op béid Säiten an βίος, bios = Liewen. Dëst kënnt dohier well d'Larven, oder Kauzekäpp vun deene meeschte Lurchen am Waasser liewen, duerno awer, no enger Metamorphos, d'Waasser verloosse fir um Land ze liewen.
Vill erwuesse Lurche liewen awer weider souwuel am Waasser wéi um Land. Alleguer musse s'op fiichte Plaze liewen, fir hire Kierper virun ze groussem Waasserverloscht ze schützen.