Chrëschtlech-Sozial Jugend
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Chrëschtlech-Sozial Jugend, d'CSJ, ass eng autonom Ënnerorganisatioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei déi 1953 gegrënnt gouf[1][2]. Se huet en eegenen Organisatiounsstatut.
Logo | Adress |
---|---|
2, Waassergaass L-1449 Luxembourg | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1953 |
President: | Metty Steinmetz |
1. Vizepresident: | Marie Laure Goeres |
2. Vizepresident: | Sarah Moreira |
Generalsekretär: | Laurent Braun |
Tresorier: | |
Internationale Sekretär: | |
Websäit: | www.csj.lu |
D'Zil vun der CSJ ass d'politescht Engagement fir de Respekt vun der Dignitéit vum Mënsch a fir eng gerecht a solidaresch, demokratesch an tolerant, verantwortungsvoll a leeschtungsfäeg Gesellschaft wéi se vun de chrëschtlech-sozialen Idealen empfuele gëtt (an déi an der Charta vun der Grondprinzipien vun der CSJ geschriwwe stinn). Se refuséiert a bekämpft all System oder Regime, deen d'Rechter a Fräiheete vum Mënsch mëssuecht a blesséiert[3].
Déi héchst Organisatiounsinstanz ass den Nationalkongress. Do drënner gëtt et den Nationalcomité, den Exekutivbureau vum Nationalcomité an d'Kontrollkommissioun[4]
D'CSJ huet no eegenen Zuelen eng 1.000 Memberen.