Cunard-Linn
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Cunard Line ass eng englesch Reederei mat Sëtz zu Liverpool (de Sëtz gouf 1919 op London verluecht). Gegrënnt 1838, huet d'Reederei fir d'éischt e Linnendéngscht op Boston an Halifax bedriwwen, 1851 gouf New York City als Endstatioun ugesteiert. Haut konzentréiert sech d'Gesellschaft op d'Geschäft mat Croisièren, mat hiren dräi Schëffer, der Queen Elizabeth 2 (QE2), Queen Mary 2 (QM2) an der Queen Victoria.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Queen Elizabeth 2 gëtt am Joer 2008 ausgemustert an op Dubai verkaaft, fir do als Akafszentrum an als Hotelsschëff benotzt ze ginn. Eng nei Queen Elizabeth (ouni Nummzousaz an Nummer) ass 2007 bestallt ginn a soll 2011 hir Akivitéit ophuelen.