Donauinsel
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Donauinsel ass eng 21,1 km laang a bis zu 200 m breet Sträif tëscht der Donau an dem sougenannten Entlastungsgerinne (och Nei Donau genannt) zu Wien.
D'Donauinsel ass an de Joren 1972-1988 entstanen, wärend der Héichwaassereguléierung vun der Donau. Duerch d'Opschëdde vun der Donauinsel gouf eng Derivatioun parallel zu der Donau geschaf, dat am Normalfall e Gewässer ass, dat steet, mä bei Héichwaasser geflut gëtt, a sou hëllefe soll, Iwwerschwemmungen ze verhënneren. D'Insel selwer bleift bei Héichwaasser gréisstendeels waasserfräi.
Mëttlerweil huet sech d'Donauinsel zu engem beléiften Erhuelungsgebitt fir d'Wiener Bevëlkerung entwéckelt. Des Weideren ass do am nërdlechen a südleche Beräich ee vun de gréissten FKK-Beräicher deen no bei enger Groussstad läit. An den 80er Joren huet sech um Ufer géintiwwer bei der Räichsbréck ënner dem Numm Copa Cagrana (de Staddeel Kagran ass net wäit ewech) op der Donauinsel selwer eng villfälteg Lokalszen entwéckelt.