Elisabeth Flickenschildt
däitsch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Elisabeth Flickenschildt, gebuer als Elisabeth Ida Marie Flickenschildt de 16. Mäerz 1905 zu Blankenese a gestuerwen de 26. Oktober 1977 zu Stade, war eng däitsch Schauspillerin.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Elisabeth Flickenschildt | |
---|---|
am Film "Das indische Tuch" (1963) | |
Gebuer |
16. Mäerz 1905 Blankenese |
Gestuerwen |
26. Oktober 1977 Stade |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmproduzent, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Filmregisseur |
Partei | NSDAP |
Zoumaachen
An der Zäit vum Nationalsozialismus hat d'Elisabeth Flickenschildt vill Erfolleg a Filmer wéi Der zerbrochene Krug (1937), Der Maulkorb (1938), Robert Koch, der Bekämpfer des Todes (1939), Trenck, der Pandur (1940), Ewiger Rembrandt (1942) an a Romanze in Moll (1943). Vun 1932 u war si Member an der NSDAP[1].
Nom Krich huet si mam Gustaf Gründgens als Regisseur vill Theater gespillt. 1954 ass si um Wolzer Festival an der Tragedie Faust 1 an der Roll vum Marthe Schwertlein opgetrueden. Am Kino hat si du manner Erfolleg a war haaptsächlech an Niewerollen ze gesinn.