Ellipsoidesch Koordinaten
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ellipsoidesch Koordinate si sphäroidesch Koordinaten (d. h. Koordinaten op engem Rotatiounsellipsoid), déi wéi d'geographesch Koordinaten op der Äerduewerfläch definéiert sinn.
Si kënne sech op zwou Aarte vun Ellipsoide bezéien:
- op en ofgeplatten Ellipsoid, eng Form déi déi meescht gréisser Himmelskierper hunn, oder
- op e verlängerten Ellipsoid, deen éischter theoreetesch Bedeitung huet, awer och e Modell fir Gläichgewiichtsfigure ka sinn.
Wichteg ass d'Definitioun vu prezisen Ellipsoidekoordinaten, virun allem fir d'Äerd, wou si haut scho bis op eb Zentimeter genee mossbar sinn, a (manner genee) fir d'Observatioun vun den noe Planéiten.
D'Sonn an de Mound dogéint si bal kugelfërmeg, wat komplizéiert ellipsoidesch Berechnunge fir déi béid Himmelskierper erspuert.