Eurovision Song Contest 2006
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 51. Eurovision Song Contest war den 18. an 20. Mee 2006 a Griicheland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Olympic Indoor Hall zu Athen. Presentateure waren d'Maria Menounos an de Sakis Rouvas. Den Televoting an der Finall gouf vun der griichescher Sängerin Nana Mouskouri gestart, déi 1963 bei der Eurovisioun fir Lëtzebuerg dobäi war.
51. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Feel the Rhythm |
Datum | 18. Mee an 20. Mee 2006 |
Stad | Athen (Griicheland) |
Gebai | Olympic Indoor Hall |
Gewënner | Lordi (Finnland) |
Zuel vu Länner | 37, dovu 24 an der Finall |
Nei Participatiounen | Armenien |
Moderatioun | Maria Menounos a Sakis Rouvas |
Interval Act | Elena Paparizou, Sakis Rouvas, Foteini Darra a Griichesch Dänzer |
Ofstëmmungsreegel | All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Armenien ass nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 12 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, d'Slowakei, Éisträich, Ungarn a Serbien-Montenegro hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hu 37 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Anna Vissi fir Griicheland 1980 an 1982 (fir Zypern), den Eddie Butler fir Israel 1999 (Deel vum Grupp Eden), de Viktoras Diawara (Deel vun LT United) fir Litauen 2001 (Deel vum Grupp SKAMP), de Fabrizio Faniello fir Malta 2001, den Ich Troje fir Polen 2003 an d'Carola Häggkvist fir Schweden 1983 an 1991.
Zanter 2004 gëtt et zwee, resp. dräi Deeg virun der Finall eng Qualifikatiounsronn, aus där déi zéng Éischtplacéiert d'Finall erreechen. Véierzéng weider Länner si scho fir d'Ennronn qualifizéiert gewiescht: déi Beschtplacéiert vum Virjoer souwéi déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt gi fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Athen matgedeelt ginn. D'Länner hunn alleguer, souwuel an der Halleffinall, wéi och an der Finall däerfen ofstëmmen. D'Punktevergab gouf awer gekierzt, sou wéi dat schonn zanter 2005 beim Junior Eurovision Song Contest gehandhabt ginn ass. De jeeweilegen nationale Spriecher gëtt nëmmen déi dräi héchst Wäertungen (12, 10 an 8) duerch, déi éischt siwe Wäertungen erschéngen direkt op der Punktentafel.
Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Finnland, d'Grupp Lordi mat 44 Punkte Virsprong virum Dima Bilan (Russland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Hari Mata Hari, déi fir Bosnien an Herzegowina ugetruede war.
Fir Finnland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
D'Show gouf vu knapps 110 Millioune Leit um Fernsee gekuckt; dovun eleng 10,5 Milliounen an Däitschland.