Eurovision Song Contest 2010
From Wikipedia, the free encyclopedia
De 55. Eurovision Song Contest war de 25., 27. an den 29. Mee 2010 an Norwegen. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Telenor-Arena zu Oslo. Presentateure waren d'Nadia Hasnaoui, den Erik Solbakken an d'Haddy Jatou N'jie.
55. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Share the Moment |
Datum | 25., 27. a 29. Mee 2010 |
Stad | Oslo (Norwegen) |
Gebai | Telenor-Arena |
Gewënner | Lena Meyer-Landrut (Däitschland) |
Zuel vu Länner | 39 |
Moderatioun | Nadia Hasnaoui, Erik Solbakken an Haddy Jatou N'jie |
Interval Act | Finall: Madcon mam Lidd Glow |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder |
Lëtzebuerg huet scho wéi déi 16 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Andorra, San Marino, Montenegro, Tschechien, Ungarn, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 39 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Grupp Feminnem fir Kroatien 2005 (fir Bosnien an Herzegowina) an d'Niamh Kavanagh fir Irland 1993 (Gewënner).
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Fënnef weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Norwegen.
Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi benotzt ginn an elo och fir d'Halleffinallen iwwerholl ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. Am Joer virdru war dat nëmme fir déi néng bescht Länner de Fall, dat zéngte Land ass duerch eng Jury bestëmmt ginn. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Oslo matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Däitschland, d'Lena Meyer-Landrut mam Lidd Satellite mat 76 Punkte Virsprong virum Grupp maNga (Tierkei). Déi drëtt Plaz krut den Duo Paula Seling & Ovi, déi fir Rumänien ugetruede waren.
Fir Däitschland war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.