Flämesch Regioun
Regioun an der Belsch / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Flämesch Regioun (hollännesch: Vlaams Gewest, franséisch Région flamande), dacks just nëmme Flandern (nl.: Vlaanderen, fr.:la Flandre oder les Flandres) genannt, ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch déi an der belscher Constitutioun festgehale goufen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der moderner Regioun Flandern. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt wgl. Flandern (Homonymie). |
Flämesch Regioun | |
---|---|
Land | Belsch |
Communautéit | Flämesch Communautéit |
Chef-lieu | Bréissel |
Awunner | 6.629.143 (2020) |
Fläch | 13.522,0 km² |
Websäit | https://www.vlaanderen.be/ |
D'Offiziell Sprooch ass d'Hollännesch, geschwat gi verschidde Flämesch Dialekter. Flandern huet eng Fläch vun 13.522 km², op där ronn 6 Mio. Awunner liewen. Déi Flämesch Regioun huet keng eegen Institutiounen, hir Kompetenze gi vun der Flämescher Communautéit exercéiert. D'Institutiounen an d'Communautéit hunn hire Sëtz zu Bréissel, dat awer net zu der Regioun Flandern gehéiert an eng eege Regioun ass.
Flandern besteet aus de Provënzen (Haaptstad): Antwerpen (Antwerpen), Ostflandern (Gent), Flämesch Brabant (Léiwen), Limburg (Hasselt) a Westflandern (Brugge). Aner wichteg Stied a Flandern si Mechelen, Kortrijk an Ostende.