From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi 13. UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2008 gouf vum 7. bis den 29. Juni 2008 an Éisträich an an der Schwäiz gespillt. Et si 16 Nationalekippe géinteneen ugetrueden, fir d'éischt a Gruppen- an duerno an Ausscheedungsspiller, am Ganzen an 31 Matcher. Europameeschter gouf an der Finall zu Wien déi spuenesch Foussballnationalekipp.
Den 19. Dezember 2007 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichter a 24 Assistenten. Dobäi kommen nach aacht Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter deejéinegen ersetzen.
Déi zwielef Schidsriichter leeden 31 Spiller. Et sinn:
Konrad Plautz | Éisträich | Frank De Bleeckere | Belsch | Howard Webb | England |
Herbert Fandel | Däitschland | Kyros Vassaras | Griicheland | Roberto Rosetti | Italien |
Pieter Vink | Holland | Tom Henning Øvrebø | Norwegen | Ľuboš Micheľ | Slowakei |
Manuel Mejuto González | Spuenien | Peter Fröjdfeldt | Schweden | Massimo Busacca | Schwäiz |
Kuckt och: Qualifikatioun vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008
Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Schwäiz an Éisträich, déi als Gaaschtland automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.
Déi 50 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu siwen an an eng Grupp vun aacht agedeelt. Déi eenzel Gruppen, an deenen all Ekipp eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, qualifizéierte sech no 306 Spiller, d'Gruppenéischt an -zweet fir d'Europameeschterschaft 2008.
D'Gruppe goufen den 2. Dezember 2007 zu Luzern ausgeloust. Déi qualifizéiert Ekippe goufen a véier Dëppen agedeelt:
Aus dësem Tirage sinn dës Gruppen entstanen:
Grupp A | Grupp B | Grupp C | Grupp D |
---|---|---|---|
Schwäiz | Éisträich | Holland | Griicheland |
Tschechesch Republik | Kroatien | Italien | Schweden |
Portugal | Däitschland | Rumänien | Spuenien |
Tierkei | Polen | Frankräich | Russland |
Plaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Portugal | 5:3 | 6 |
2 | Tierkei | 5:5 | 6 |
3 | Tschechesch Republik | 4:6 | 3 |
4 | Schwäiz | 3:3 | 3 |
Samschden, 7. Juni 2008, 18:00, zu Basel | |||
Schwäiz | – | Tschechien | 0:1 (0:0) |
Samschden, 7. Juni 2008, 20:45, zu Genf | |||
Portugal | – | Tierkei | 2:0 (0:0) |
Mëttwoch, 11. Juni 2008, 18:00, zu Genf | |||
Tschechien | – | Portugal | 1:3 (1:1) |
Mëttwoch, 11. Juni 2008, 20:45, zu Basel | |||
Schwäiz | – | Tierkei | 1:2 (1:0) |
Sonnden, 15. Juni 2008, 20:45, zu Basel | |||
Schwäiz | – | Portugal | 2:0 (0:0) |
Sonnden, 15. Juni 2008, 20:45, zu Genf | |||
Tierkei | – | Tschechien | 3:2 (0:1) |
Plaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Kroatien | 4:1 | 9 |
2 | Däitschland | 4:2 | 6 |
3 | Éisträich | 1:3 | 1 |
4 | Polen | 1:4 | 1 |
Sonnden, 8. Juni 2008, 18:00, zu Wien | |||
Éisträich | – | Kroatien | 0:1 (0:1) |
Sonnden, 8. Juni 2008, 20:45, zu Klagenfurt | |||
Däitschland | – | Polen | 2:0 (1:0) |
Donneschden, 12. Juni 2008, 18:00, zu Klagenfurt | |||
Kroatien | – | Däitschland | 2:1 (1:0) |
Donneschden, 12. Juni 2008, 20:45, zu Wien | |||
Éisträich | – | Polen | 1:1 (0:1) |
Méinden, 16. Juni 2008, 20:45, zu Klagenfurt | |||
Polen | – | Kroatien | 0:1 (0:0) |
Méinden, 16. Juni 2008, 20:45, zu Wien | |||
Éisträich | – | Däitschland | 0:1 (0:0) |
Plaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Holland | 9:1 | 9 |
2 | Italien | 3:4 | 4 |
3 | Rumänien | 1:3 | 2 |
4 | Frankräich | 1:6 | 1 |
Méinden, 9. Juni 2008, 18:00, zu Zürich | |||
Rumänien | – | Frankräich | 0:0 (0:0) |
Méinden, 9. Juni 2008, 20:45, zu Bern | |||
Holland | – | Italien | 3:0 (2:0) |
Freiden, 13. Juni 2008, 18:00, zu Zürich | |||
Italien | – | Rumänien | 1:1 (0:0) |
Freiden, 13. Juni 2008, 20:45, zu Bern | |||
Holland | – | Frankräich | 4:1 (1:0) |
Dënschden, 17. Juni 2008, 20:45, zu Bern | |||
Holland | – | Rumänien | 2:0 (0:0) |
Dënschden, 17. Juni 2008, 20:45, zu Zürich | |||
Frankräich | – | Italien | 0:2 (0:1) |
Plaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Spuenien | 8:3 | 9 |
2 | Russland | 4:4 | 6 |
3 | Schweden | 3:4 | 3 |
4 | Griicheland | 1:5 | 0 |
Dënschden, 10. Juni 2008, 18:00, zu Innsbruck | |||
Spuenien | – | Russland | 4:1 (2:0) |
Dënschden, 10. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg | |||
Griicheland | – | Schweden | 0:2 (0:0) |
Samschden, 14. Juni 2008, 18:00, zu Innsbruck | |||
Schweden | – | Spuenien | 1:2 (1:1) |
Samschden, 14. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg | |||
Griicheland | – | Russland | 0:1 (0:1) |
Mëttwoch, 18. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg | |||
Griicheland | – | Spuenien | 1:2 (1:0) |
Mëttwoch, 18. Juni 2008, 20:45, zu Innsbruck | |||
Russland | – | Schweden | 2:0 (1:0) |
Do, 19. Juni 2008, 20:45 | Basel | Portugal | – | Däitschland | 2:3 (1:2) |
Fr, 20. Juni 2008, 20:45 | Wien | Kroatien | – | Tierkei | 1:1 n. V. (0:0, 0:0) 1:3 a. E. |
Sa, 21. Juni 2008, 20:45 | Basel | Holland | – | Russland | 1:3 n. V. (1:1, 0:0) |
So, 22. Juni 2008, 20:45 | Wien | Spuenien | – | Italien | 0:0 n. V. (0:0, 0:0) 4:2 a. E. |
Më, 25. Juni 2008, 20:45 | Basel | Däitschland | – | Tierkei | 3:2 (1:1) |
Do, 26. Juni 2008, 20:45 | Wien | Russland | – | Spuenien | -:3 (0:0) |
So, 29. Juni 2008, 20:45 | Wien | Däitschland | – | Spuenien | 0:1 (0:1) |
Zu de Sponsore vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 hunn ënner anerem Adidas, Carlsberg, Castrol, Coca-Cola, Hyundai Motor Group, JVC, MasterCard a McDonald's gezielt.
Et sinn 1,13 Milliounen Entréestickete fir déi 31 Spiller verdeelt ginn.
Commons: Foussball-Europameeschterschaft 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.