From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fräi Sozial Alternativ bis den 13. Juni 2018 Fräi Ökologesch Demokratesch Partei, war eng lëtzebuergesch Partei, déi den 2. September 2016 zu Esch-Uelzecht ënner dem Numm Fräi Ökologesch Demokratesch Partei gegrënnt gouf[1]. D'Iddi fir eng nei alternativ gréng Partei goung op de Ronald Mordiconi, Steve Melmer, Jacqueline Alf a Mirella Sabbatini zeréck.
Fräi Sozial Alternativ | |
---|---|
Ofkierzung | FSA |
Nationalpresident | Steve Melmer |
Generalsekretärin | Jacqueline Alf |
Generalcaissière | Joana Fernandes Oritz |
Gegrënnt |
2. September 2016 als Fräi Ökologesch Demokratesch Partei |
Opgeléist | 14. November 2019 |
Bei enger Statutenännerung den 13. Juni 2018[2] gouf den Numm op Fräi Sozial Alternativ geännert.
Op der éischter Generalversammlung, den 2. September 2016, gouf de Ronald Mordiconi zum Nationalpresident gewielt. Den 1. Abrëll 2017 goufen op der Websäit vun der FÖDP d'Statuten an de Programm vun der Partei publizéiert. Mam Austrëtt vum Nationalpresident Mordiconi den 10. Juni 2018, gouf d'Websäit ofgeschalt.[3]
De 14. November 2019 huet de Veräi sech wéinst "Verschwendung von Ressourcen und Zeit" opgeléist.[4]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.