From Wikipedia, the free encyclopedia
De François Biltgen, gebuer den 28. September 1958 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker. Hien ass zënter dem 7. Oktober 2013 Riichter um Europäesche Geriichtshaff.
François Biltgen | |
---|---|
Gebuer |
28. September 1958 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Politiker, Riichter, Affekot |
Partei | CSV |
Famill | |
Geschwëster | Raoul Biltgen |
De François Biltgen huet zu Paräis Droit studéiert. No enger Maîtrise, engem DEA, an engem Diplom vum IEP, 1983, huet hien als Sekretär vun der Chambersfractioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) geschafft.
1987 gouf hien an de Gemengerot vun Esch-Uelzecht gewielt, wou en 1997 Schäffe gouf, zoustänneg fir Finanzen a Soziales.
1994 gouf de François Biltgen op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt. Kuerz duerno huet hien den 2. Exame fir Affekot gemaach, an an de Joren duerno reegelméisseg iwwer Droits-Themae geschriwwen.
Den 18. Januar 2003 gouf hien zum President vun der CSV gewielt, wat hie bis de 14. November 2009 blouf.
An der Regierung Juncker-Polfer vun 1999 bis 2004 war de François Biltge Minister fir Aarbecht, Bezéiunge mam Parlament a Kultus an Delegéierte Minister fir Kommunikatioun. Tëscht 2004 an 2009 war en op en Neits Minister fir Aarbecht, Bezéiunge mam Parlament a Kultus, an zousätzlech Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung an der Regierung Juncker-Asselborn I.
An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hie bis den 29, Abrëll 2013 Minister fir Justiz, Kommunikatioun a Medien, Recherche an Héichschoul, d'Fonction publique an de Kultus.[2] Hien hat den 11. Abrëll 2013 an der Chamber bekannt gemaach, hie géif seng Demissioun areeche fir kënne Kandidat fir de Lëtzebuerger Riichterposten um Europäesche Geriichtshaff ze ginn.[3]
De 7. Oktober 2021 krut hie säi Mandat ëm weider 6 Joer, bis 2027, verlängert.[4]
De François Biltgen ass bestuet a Papp vun 2 Kanner. Hien ass de Brudder vum Raoul Biltgen. Säin Urgrousspapp war de lëtzebuergesche Musekspedagog, Komponist an Organist Laurent Menager.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.