George C. Scott
US-amerikaneschen Schauspiller, Filmregisseur a -produzent / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den George Campbell Scott, gebuer den 18. Oktober 1927 zu Wise a Virginia a gestuerwen den 22. September 1999 zu Westlake Village a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Theater- a Filmschauspiller, Filmregisseur a -produzent.
George C. Scott | |
---|---|
Gebuertsnumm | George Campbell Scott |
Gebuer | 18. Oktober 1927 |
Gestuerwen | 22. September 1999 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vum Missouri |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur |
Partei | Republikanesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Colleen Dewhurst, Colleen Dewhurst |
Hien ass bekannt fir seng Performancen am Theater, an am Kino virun allem fir seng Personifizéierung vum Generol George S. Patton am Film Patton, als Generol Buck Turgidson am Stanley Kubrick sengem Dr. Strangelove, an als Ebenezer Scrooge am Clive Donner senger Verfilmung vun A Christmas Carol vun 1984. Hie war deen éischte Schauspiller, deen den Oscar fir déi bescht Haaptroll refuséiert huet (1970 fir Patton), well hien et dernieft fonnt huet, e Ranking, ween dee "beschte" Schauspiller wier, ze maachen.
Vun 1972 bis zu sengem Doud 1999 war hie mat der Schauspillerin Trish Van Devere bestuet.