Geysir
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Geysir ass eng gliddeg Quell, déi hiert Waasser a reegelméissegen oder onreegelméissegen Ofstänn als Fontän eraussprutzt. Esou en Ausbroch gëtt 'Eruptioun' genannt. D'Wuert "Geysir" kënnt vum Grousse Geysir op Island hier. Deen Numm geet sengersäits op dat Islännescht Verb geysa "auslafen, eraussprutzen“ zeréck.