Gottfried Böhm
däitschen Architekt a Sculpteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gottfried Böhm, gebuer den 23. Januar 1920 zu Offenbach am Main a gestuerwen den 9. Juni 2021 zu Köln[1] war en däitschen Architekt a Sculpteur. Hie gëlt als ee vun de bedeitenden Architekte vum 20. Joerhonnert; verschidde vu sengen Entwërf - skulptural Bauten aus Beton, Stol a Glas gëllen als „Architektur-Ikonen des 20. Jahrhunderts“[2]
Gottfried Böhm | |
---|---|
Gebuer |
23. Januar 1920 Offenbach am Main |
Gestuerwen |
9. Juni 2021 Köln |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Technesch Universitéit München |
Aktivitéit | Architekt, Sculpteur, Universitéitsprofesser |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie d'architecture |
Dem Böhm säin éischten eegestännege Bau war d'Kölner Kapell St. Kolumba. Seng wuel bekanntste Konstruktioun ass D'Kathedral Notre-Dame vun Neviges. 1986 gouf hien als éischten däitschen Architekt mam renoméierte Pritzker-Präis ausgezeechent.
Zu Lëtzebuerg ginn et zwéi Gebaier vun him: De Siège vun der Deutsche Bank Luxembourg um Kierchbierg an e Verwaltungsgebai am Schlassgaart zu Esch-Uelzecht, dat fir déi deemoleg Arbed gebaut gouf.[3]