Grock
Schwäizer Komponist a Clown From Wikipedia, the free encyclopedia
Schwäizer Komponist a Clown From Wikipedia, the free encyclopedia
De Grock, gebuer als Charles Adrien Wettach den 10. Januar 1880 am Moulin de Loveresse an der Géigend vu Biel (Schwäiz), a gestuerwen de 14. Juli 1959 a senger Villa zu Imperia (Italien), war ee vun deene berüümtste Museksclownen.
Hien ass dat éischt Kand vum Jean-Adolphe Wettach an der Cécile Péquegnat, wat déi puer éischt Wochen iwwerlieft. Säi Papp huet zu Reconvillier als Auermécher geschafft. Seng Famill hält et net laang op der selwechter Plaz aus. Sou plënnere si fir d'éischt op Laneuveville, op Le Landeron, dann op Le Locle, wou de Papp e Bistro iwwerhëlt. Mä dat ass och net fir laang. De Papp geet zwee Joer bei Brandt & Cie (déi spéider Omega) schaffen an da keeft en e Restaurant an der Géigend vum Bielerséi, de Paradiesli. De jonken Adrien, dee kuerz virdrun den Optrëtt vun engem Wanderzirkus mat groussen Ae materlieft hat, trëtt am Paradiesli mat senger Schwëster op.
Hie spillt de Clown, den Héichseelakrobat a schonn de Musekclown. No der Faillite plënnert d'Famill nees weider. Den Adrien fänkt eng Léier un als Auermécher, mä domat ass et no e puer Wochen eriwwer. 1897 fiert en an Ungarn. Zwee Joer gëtt hien engem Adlege sengem Jong Franséischunterecht an da geet et op Budapest, wou en an engem Musekinstrumentebuttek léiert Pianoen ze stëmmen an ze flécken.
Op enger Tournee an Däitschland liest en eng Annonce, en Zirkus géif e jonke Mënsch sichen, "dee Gei spillen a sprange ka fir eng musikalesch Clowns-Nummer". Hie mellt sech a gëtt ugeholl. No villem Hin an Hier fënnt hien e Clownpartner; de Brick, dee virdru mat dem spuenesche Clown Brock opgetruede war. De Wettach wollt sech awer net Brock nennen an huet no enger Alternativ gesicht. Sou kënnt et zum Numm Grock.
1906 léiert de Grock zu Buenos Aires e berüümte Kolleeg kennen, den Antonet. Si trieden op deene verschiddenste Plazen op a ginn erëm auserneen.
1909 verléift de Grock sech zu Paräis an déi jonk Artistin Luoise Bullot, mat där hie sech 1913 bestit. 1918 stierft si. Tourneeën uechter déi ganz Welt bréngen dem Grock ganz vill Geld an. Hie keeft sengen Elteren en Haus zu Paräis.
Tristan Rémy, Les clowns, 1945, Edition Bernard Grasset, Paräis (e Klassiker) Tristan Rémy, Les clowns, 2002, Grasset, Paräis (en Nodrock vum viregen)
Commons: Grock – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.