Guðni Th. Jóhannesson
islänneschen Historiker an President / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guðni Thorlacius Jóhannesson [ˈkvʏðnɪ ˈjouhanɛsˌsɔn], Transkriptioun: Gudni Thorlacius Johannesson, gebuer de 26. Juni 1968 zu Reykjavík, meeschtens als Guðni Th. Jóhannesson ofgekierzt, ass en islänneschen Historiker. Hie gouf de 25. Juni 2016 zum neie President vun Island gewielt, als Nofollger vum Ólafur Ragnar Grímsson, a blouf dat bis den 31. Juli 2024.
Guðni Th. Jóhannesson | |
---|---|
Gebuer |
26. Juni 1968 Reykjavík |
Nationalitéit | Island |
Educatioun |
University of Warwick, Universitéit Island, Universitéit Bonn, Universitéit vu Reykjavik, University of Oxford |
Aktivitéit | Historiker, Universitéitsprofesser, Iwwersetzer, Politiker |
Partei | keng |
Famill | |
Bestuet mat | Eliza Reid, Elín Haraldsdóttir |
Papp | Jóhannes Sæmundsson |
Mamm | Margrét Thorlacius |
Geschwëster | Patrekur Jóhannesson |
De Guðni[1] huet zu Warwick, Bonn, an Island an zu Oxford Geschicht studéiert, an 2003 op der Queen Mary University of London e Ph.D. a Geschicht gemaach.
Hien huet op den Universitéite vun Island, Bifröst a London enseignéiert. Hien ass an der moderner Geschicht vun Island spezialiséiert, mat Recherchen z. B. iwwer d'Cabillaudskricher, d'Finanzkris 2008–2011 an d'Geschicht vun de Presidente vun Island. Hien huet och eng Biographie vum Politiker Gunnar Thoroddsen geschriwwen, souwéi iwwer den drëtte President vun Island, den Kristján Eldjárn. De Guðni huet doriwwer eraus tëscht 1992 an1997 véier Bicher vum amerikanesche Schrëftsteller Stephen King op Islännesch iwwersat.