Héichtefuerschungsrakéit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Héichtefuerschungsrakéit ass an der Reegel e ballistesche Fluchkierper, deen aus enger undreiwender Feststoffrakéit an engem opgesaten Notzlaaschtbehälter besteet. D'Virbereedunge fir de Start si méi einfach wéi z. B. an der Raumfaart. Als Notzlaascht gi Moossinstrumenter fir wëssenschaftlech Fuerschungen an Héichten tëscht 45 km an iwwer 1.200 km geschoss. Jee no Zilsetzung kënne follgend Instrumenter agesat ginn:
- Kamerae fir d'Äerdobservatioun oder fir d'Himmelsobservatioun
- Temperatursensoren
- Drocksensoren
- Spektrometere vun allen Aarten (och Massespektrometeren a Gaschromatographen)
- Peilsenderen (kënne mat deenen an der Telemetrie gebrauchte Senderen identesch sinn)
- Radioempfänger – fir Vermoosse vun der Ionosphär
- Instrumenter fir Schwéiereloosegkeets-Experimenter
A ville Fäll falen d'Moossinstrumenter no hirem Héichtenasaz un Fallschiermer zeréck op d'Äerd, wou se gebuerge ginn an d'Miessungen ausgewäert ginn, anerersäits kënnen d'Miessdaten och mat Funk iwwermëttelt ginn.
Als Rakéite kënne prinzipiell gelenkt oder ongelenkt Flëssegkeets-, Hybrid- oder Feststoffrakéiten agesat ginn. Aus Käschtegrënn ginn haut meeschtens ongelenkt Feststoffrakéite gebraucht. Dës Rakéite ginn och als meteorologesch Rakéite bezeechent. Gelenkt Feststoffrakéite ginn nëmme fir Experimenter, déi eng exakt Fluchbunn brauchen, agesat. Flëssegkeets- an Hybridrakéite gi geleeëntlechfir méi schwéier Notzlaaschte gebraucht.
Héichtefuerschungsrakéite gi meeschtens vu mobillen Ofschossariichtungen aus gestart.