Heidelberg
Stad a Baden-Württemberg, Däitschland / From Wikipedia, the free encyclopedia
Heidelberg ass eng Stad um Neckar am Südweste vun Däitschland. Déi fréier kurpfälzesch Residenzstad ass fir hir Schlassruin op der Héicht iwwer dem Floss Neckar an der Alstad a wéinst der Ruprecht-Karls-Universitéit, der eelster Héichschoul vun Däitschland, bekannt. Se zitt Wëssenschaftler an Touristen aus der ganzer Welt un.
Heidelberg | |
---|---|
Bléck vum Philosophenwee op d'Alstad mam Schlass, der Helleggeeschtkierch an der aler Bréck | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Baden-Württemberg |
Regierungsbezierk | Karlsruhe |
Awunner |
162.273 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 108.83 |
Héicht | 114 |
Koordinaten | 49°24'44"N, 8°42'36"O |
Telefonszon | 6221 |
Postcode | 69001 |
Websäit | https://www.heidelberg.de/ |
Jumelage mat | Mostar, Cambridge, Montpellier, Simferopol, Palo Alto, Hangzhou |
Mat iwwer 150.000 Awunner ass Heidelberg déi fënneftgréisst Stad vu Baden-Württemberg. Et ass eng kreesfräi Stad a gläichzäiteg Sëtz vum Rhein-Neckar-Kreis ronderëm. Déi dicht besidelt Metropolregioun, an där Heidelberg, wéi och Mannheim a Ludwigshafen, läit, gëtt als Rhein-Neckar-Dräieck (Metropolregion Rhein-Neckar) bezeechent.
Fir d'Universitéit an d'Universitéitsspidol schaffe 15.000 Persounen. Bedeitend Betriber sinn ënner anerem Henkel (Konsumgidder) an de Softwareproduzent SAP.
Wat de Sport betrëfft, gëllt Heidelberg als Rugby-Héichbuerg mat fënnef Clibb. Bekannt ass och de Basketballclub USC Heidelberg.