Jack Palance
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Jack Palance, gebuer als Wolodymyr Iwanowitsch Palagnjuk den 18. Februar 1919 zu Lattimer Mines a Pennsylvania a gestuerwen den 10. November 2006 zu Montecito a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Jack Palance | |
---|---|
Gebuertsnumm | Volodymyr Palahniuk |
Gebuer | 18. Februar 1919 |
Gestuerwen |
10. November 2006 Montecito |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Stanford University |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Boxer, Mannequin |
Partei | CRP |
Den Jack Palance war Biergaarbechter duerno ënner dem Numm Jack Brazzo Boxer. An Zweete Weltkrich war hien an der US Army Air Force.
Säin éischten Optrëtt als Schauspiller hat hien am Joer 1949 an enger Episod vun der TV-Serie Hands of Murder. Am Joer duerno krut hien och seng éischt Kinosroll am Film Panic in the Streets vum Elia Kazan.
Bedeitend US-amerikanesch Filmer mam Palance sinn de Western: Shane (1953) vum George Stevens, de Film noir The Big Knife (1955) vum Robert Aldrich, de Krichsfilm Attack (1956) och vum Robert Aldrich an de Western The Professionals (1966) vum Richard Brooks. An Europa huet hien a ville Genrefilmer wéi dem historeschen Abenteuerfilm I mongoli (1961) vum André De Toth a Leopoldo Savona, dem Italowestern Il mercenario (1968) vum Sergio Corbucci, dem Abenteuerfilm Africa Express (1976) vum Michele Lupo an dem Erotikfilm Marquis de Sade: Justine (1969) vum Jess Franco matgespillt. Seng wichtegst europäesch Filmer sinn Le mépris (1963) vum Jean-Luc Godard an Out of Rosenheim (1987) vum: Percy Adlon.