Jean Servais
belsche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Servais war e belsche Schauspiller. Hien ass den 12. September 1912 zu Antwerpen gebuer an de 17. Februar 1976 zu Paräis gestuerwen.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Jean Servais | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Aimé Antoine Servais |
Gebuer |
24. September 1912 Antwerpen |
Gestuerwen |
17. Februar 1976 13. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Belsch, Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Dominique Blanchar |
Liewenspartner(in) | Maria Casarès |
Zoumaachen
Nodeem hien Droit studéiert hat, huet hie Schauspill am Conservatoire d'art dramatique de Bruxelles geléiert. Duerno ass hien op Paräis gaangen. Säin éischte Film Criminel huet hien am Joer 1932 gedréint.
Mat der Theatertrupp vum Jean-Louis Barrault an der Madeleine Renaud huet hie vill Theater gespillt.
Beim Film war de Jean Servais gewéinlech a gréisseren Niewerollen (fr: second-rôle) ze gesinn. Hien huet an iwwer 80 Filmer matgespillt.