John Kenneth Galbraith
US-amerikanesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den John Kenneth Galbraith, gebuer de 15. Oktober 1908 zu Iona Station um Erieséi, a gestuerwen den 29. Abrëll 2006 zu Cambridge am Massachusetts, war en Ekonomist, Sozialkritiker, Presidenteberoder, Schrëftsteller an Diplomat. De Galbraith war ee vun den Ekonomisten, déi de gréissten Afloss am 20. Joerhonnert haten. Als Keynesianer a Lënksliberalen huet hie sech säi ganzt Liewe fir eng Stäerkung vun de staatlechen Institutiounen a fir d'Stimulatioun vun der Nofro agesat.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
John Kenneth Galbraith | |
---|---|
Gebuer |
15. Oktober 1908 Iona Station |
Gestuerwen |
29. Abrëll 2006 Cambridge |
Nationalitéit | Kanada, USA |
Educatioun |
Universitéit vun Toronto, University of California |
Aktivitéit | Ekonomist, Diplomat, Politiker, Universitéitsprofesser, Saachbuchauteur, Schrëftsteller, Ambassadeur |
Partei | Demokratesch Partei |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society |
Famill | |
Bestuet mat | Catherine Galbraith |
Kanner | Peter W. Galbraith, James K. Galbraith |
Zoumaachen