Kathedral Notre-Dame vu Chartres
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kathedral Notre-Dame vu Chartres ass eng kathoulesch Kathedral an der franséischer Stad Chartres am Departement Eure-et-Loir, an der Regioun Centre-Val de Loire.
Land | Frankräich |
---|---|
Gemeng | Chartres |
Koordinaten | 48°26'51,71"N, 1°29'15,85"O |
Fläch | 1,06 ha |
Statut | Weltierwen |
Datum vum Bau | 1145 |
Opgaangen | 1220 |
Genannt no | Chartres |
Se gouf, zum gréissten Deel bannent enger 30 Joer tëscht 1194 an 1225 gebaut, op der Plaz vun engem romanesche Virgängerbau, deen 1194 duerch e Feier zerstéiert gi war. Vun deem haten e puer Elementer 'iwwerlieft' wéi de Portail royal aus de Joren 1145-1150, déi an den Neibau integréiert goufen.
1240 waren d'Fënstere fäerdeg agebaut, an de 24. Oktober 1260 konnt se konsekréiert ginn. Am Laf vun de Joerhonnerte koum deen een oder aneren Ubau derbäi, wéi z. B. den Nordtuerm aus dem 16. Joerhonnert.
De Kinnek Henri IV. gouf, well e wéinst dem Reliounskrich net op Reims konnt goen, an dëser Kathedral de 27. Februar 1594 gesalbt a gekréint. 1836 ass den Daach mat sengem mëttelalterlechen Daachstull aus Käschtebamholz ofgebrannt an huet missen nei opgeriicht ginn, dës Kéier mat engem Gespär aus Eisen.
Tëscht 2009 an 2019 gouf se restauréiert. Dobäi gouf se bannenan nees esou mat de Faarwen, wéi se ursprénglech ubruecht waren, dekoréiert.
D'Kathedral vu Chartres gëllt als emblematesche Bau vun der Gotik, an als eng vu den am beschten erhalene Kathedrale vu där Epoch; ë. a. wat hir Sklupturen, faarweg Fënsteren oder d'Buedemplacke betrëfft.
An hir gëtt d'Reliquie vum Voile vun der Joffer Maria versuergt - en Don vum Charel dem Plakapp aus dem Joer 876; a se war d'Zil vu grousse Pilgerfaarten. Nach haut stécht s'als imposante Bau, mat den niddregen Haiser an der Alstad ronderëm, ervir, an ass vu wäitem gutt ze gesinn.
D'Gebai ass zanter 1862 als monument historique klasséiert an eent vun den éischten , déi (1979) op d'Lëscht vum Kultur-Weltierwe vun der Unesco opgeholl goufen.