Klaus Kinski
däitsche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Klaus Kinski, gebuer den 18. Oktober 1926 zu Zoppot (haut: Sopot a Polen) als Nikolaus Günther Nakszynski, a gestuerwen den 23. November 1991 zu Lagunita a Kalifornien, war en däitsche Schauspiller a Filmregisseur.
Klaus Kinski | |
---|---|
Gebuertsnumm | Klaus Günter Karl Nakszynski |
Gebuer |
18. Oktober 1926 Sopot |
Gestuerwen |
23. November 1991 Lagunitas-Forest Knolls |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Debora Caprioglio |
Kanner | Pola Kinski, Nastassja Kinski, Nikolai Kinski |
E gouf duerch seng Recitale vum François Villon a vum Rimbaud bekannt. En ass besonnesch duerch seng Optrëtter, bei deenen hien aus dem Neien Testament gelies a gespillt huet, opgefall.
De groussen Duerchbroch koum mat den däitschen Edgar-Wallace-Filmer.
An den Italowestern huet hie mat Virléift de brutale Béise gespillt; do sief haaptsächlech emol Il grande silenzio ernimmt.
Seng bescht a schéinst Rollen huet e beim Werner Herzog gespillt. De Kinski an den Herzog hu sech zerstridden, gehaasst an hunn awer ëmmer erëm zesummegeschafft a Filmer wéi Aguirre, der Zorn Gottes oder Fitzcarraldo gemaach. Iwwer hiert Verhältnes huet den Herzog souguer en Dokumentarfilm gedréint: Mein liebster Feind.
Hien ass de Papp vun der Pola, der Nastassja an dem Nikolai Kinski.