Laurence Olivier
brittesche Schauspiller (1907–1989) / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Laurence Kerr Olivier, Baron Olivier, OM, gebuer den 22. Mee 1907 zu Dorking, am Surrey, a gestuerwen den 11. Juli 1989 zu Steyning, a West Sussex, war en englesche Schauspiller, deen zesumme mam Ralph Richardson an dem John Gielgud, de britteschen Theater an der Mëtt vum 20. Joerhonnert dominéiert huet. Hien huet seng ganz Karriär erduerch och fir de Film geschafft, am Ganzen huet en an iwwer 50 Filmer matgespillt, respektiv d'Regie gefouert. Méi spéit hat hien och grousse Succès mat Rollen an Televisiounsproduktiounen.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Laurence Olivier | |
---|---|
Portrait aus den 1940er Joren | |
Gebuertsnumm | Laurence Kerr Olivier |
Gebuer |
22. Mee 1907 Dorking |
Gestuerwen |
11. Juli 1989 West Sussex |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Central School of Speech and Drama |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterregisseur, Filmregisseur, Politiker, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Dramaturg |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Jill Esmond, Vivien Leigh, Joan Plowright |
Kanner | Tamsin Olivier, Richard Olivier |
Zoumaachen