Lew Sinowjewitsch Kopelew
russesche Germanist, Schrëftsteller an Humanist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lew Sinowjewitsch Kopelew (ru: Лев Зиновьевич Копелев), gebuer de 27. Mäerzjul./ 9. Abrëll 1912greg. zu Kiew a gestuerwen den 18. Juni 1997 zu Köln, war e russesche Germanist, Schrëftsteller an Humanist.
Lew Sinowjewitsch Kopelew | |
---|---|
Gebuertsnumm | Лев Залманович Копелев |
Gebuer |
27. Mäerz 1912 jul. Kyjiw |
Gestuerwen |
18. Juni 1997 Köln |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, Sowjetunioun, Russland |
Educatioun | Universitéit vu Köln |
Aktivitéit | Esperantist, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Literaturkritiker, Biograph, Literaturhistoriker, Publizist, Militär |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
De Lew Koplew huet vun 1933 bis 1938 Germanistik, Geschicht a Philosophie studéiert a gouf no senger Promotioun (Doktor) Unis-Dozent. Am Zweete Weltkrich hat hie sech fräiwëlleg an d'Rout Arméi gemellt. Am Januar 1945 gouf en Zeien, wéi russesch Zaldoten sech an Ostpreisen vis-à-vis vun däitschen Zivilisten onmënschlech beholl hunn. Wéi en dogéint protestéiert hat, krut en eng Plainte vum militäresche Geheimdéngscht SMERSCH a gouf wéinst "Matleed mam Feind an Demoraliséierung vun der politesch-moralesche Haltung vun der Trupp" zu 10 Joer Gulag verurteelt. Do huet hien ë. a. den Alexander Solschenizyn kennegeléiert. 1954 koum e fräi a gouf duerno rehabilitéiert. Hie konntals Literaturwëssenschaftler a Germanist schaffen a publizéieren; an huet vun 1961 bis 1968 um Moskauer Institut fir Konschtgeschicht geschafft. An där Zäit huet hien eng Bertolt-Brecht-Biographie an eng Geschicht vun der däitschsproocheger Theaterwëssenschaft geschriwwen.
Zënter der Mëtt vun den 1960er Joren huet hie sech ëmmer méi fir Dissidenten wéi den Andrei Sacharow an den Alexander Solschenizyn agesat. Wéi sowjetesch Truppen am August 1968 d'Prager Fréijoer ermëlzt hunn, fir dat hie sech staark engagéiert hat, huet hie fir zeguttst mam Kommunismus gebrach. D'Regime huet domat reagéiert, datt et en aus der KPUdSSR erausgehäit huet, him verbueden huet, ze schreiwen an ze publizéieren, an em seng Plaz um Institut fir Konschtgeschicht gekënnegt huet.
1980 gouf e mat senger Fra vum Heinrich Böll an der Marion Gräfin Dönhoff op eng Studierees an Däitschland invitéiert. Wéi e bis do war, krut e seng Staatsbiergerschaft ewechgeholl, sou datt en net méi an d'Sowjetunioun hannescht konnt an an Däitschland huet missen am Exil bleiwen.
An Däitschland huet hie sech dofir agesat, datt Däitschland a Russland sech nees verdroe sollten, an - iwwer propagandistesch Clichéen ewech - besser iwwerenee Bescheed wësse sollten. Hien huet an den 1980er Joren och der polnescher Oppositiounsbeweegung gehollef.
Am Kader vum Gorbatschow senger Perestroika krut de Kopelew 1989 fir säi 77. Gebuertsdag d'Autorisatioun, op Moskau ze reesen, wou en ë. a. al Frënn besicht huet. Duerno goung en nees zeréck an Däitschland, fir do mat senger Aarbecht un der Reconciliatioun vun deenen zwee Länner virunzefueren. Hien ass den 18. Juni 1997 zu Köln gestuerwen. Seng Äsche goufen zu Moskau um Donskoi-Kierecht nieft deene vu senger Fra Raissa Orlowa begruewen.