Matterhorn
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Matterhorn (Walliserdäitsch: ds'Hore, franséisch: Mont Cervin oder Le Cervin, italieenesch: Monte Cervino) ass mat 4.478 m de siwenthéchste Bierg vun den Alpen (wann en de Mont Blanc an de Monte Rosa als een an de selwechte Grupp betruecht).
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Matterhorn | |
---|---|
Héicht: | 4.478 m |
Lag: | Schwäiz/Italien |
Bierger: | Walliser Alpen |
Fir d'éischt op der Spëtzt: | 14. Juli 1865: Edward Whymper |
D'Matterhorn steet an de Walliser Alpen tëscht Zermatt a Breuil (Cervinia). D'Ost-, Nord- a Westwand leien op Schwäizer, d'Südwand op italieeneschem Statsgebitt.
Wéinst senger aparter Form a senger alpinistescher Geschicht ass et ee vun de bekanntste Bierger vun der Welt. Fir d'Schwäiz ass d'Matterhorn e richtegt Symbol, an eng vill geknipsten Touristenattraktioun. Säi markanten dräieckege Kapp gëtt souguer vun der Schwäizer Schockelasfabrik Tobler als Motiv fir hiren "Toblerone" benotzt.