Michelangelo Antonioni
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Michelangelo Antonioni gebuer den 29. September 1912 zu Ferrara an Italien a gestuerwen den 30. Juli 2007 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmediteur.
Michelangelo Antonioni | |
---|---|
Gebuer |
29. September 1912 Ferrara |
Gestuerwen |
30. Juli 2007 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun |
Universitéit vu Bologna, Centro Sperimentale di Cinematografia |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Filmediteur, Filmproduzent, Moler, Dichter, Regisseur |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Monica Vitti |
Dem Antonioni seng Filmer L'avventura a La notte, zwéi schwaarz-wäiss Filmer, si bei de Filmkritiker héich gelueft ginn. Duerno huet e mat Il deserto rosso e Film gemaach, deen a wonnerbare Faarwe gedréint ass, obschonn en eng Welt weist déi duerch d'Industrie an aner Aflëss ëmmer méi verknascht.
Nom Succès vum Film Blow-Up huet hien an den USA de Film Zabriskie Point gedréint, dee bei de Kritiker a bei de Spectateuren duerchgefall ass.
Zanter 1985 war den Antonioni no engem Hiereschlag deelweis geläämt a konnt net méi schwätzen. Staark behënnert huet hien duerno nach just Kuerzfilmer an, mat Hëllef vum Wim Wenders, ee Laangfilm gedréint.