Ministère de la Digitalisation
Ministère zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ministère fir Digitaliséierung (fr: Ministère de la Digitalisation, gekierzt MinDigital) zu Lëtzebuerg, ass e Ministère deen am Kader vum Regierungsprogramm vun der Regierung Bettel-Kersch-Bausch den 11. Dezember 2018 an d'Liewe geruff gouf fir d'Digitaliséierung an de Mëttelpunkt ze stellen.
Séier Fakten Land, Minister ...
Ministère fir Digitaliséierung | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Stéphanie Obertin |
Verwaltungssëtz | Hôtel de Bourgogne (Stad Lëtzebuerg) |
Adress | 4, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 11. Dezember 2018 |
Um Spaweck | https://MinDigital.gouvernement.lu/ |
Zoumaachen
De Ministère këmmert sech drëm fir déi allgemeng technesch Entwécklung an de Beräicher, déi fir eis Ekonomie wichteg sinn, virun ze dreiwen a fir nei Strategien z'entwéckelen, déi eist Land no vir bréngen. Doriwwer eraus soll en och den Alldag vereinfachen andeems déi eenzel administrativ Prozesser verbessert ginn. E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère ass fir d'Liewe vun de Leit ze vereinfachen.