Moleküll
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Moleküll (vum lat. molecula, "kleng Mass") ass am wäite Sënn en zwee- oder méiatomegen Deelchen, deen duerch cheemesch Bindunge zesummegehale gëtt a wéinstens sou laang stabil ass, fir datt si z. B. spektroskopesch observéiert ka ginn. Bei Molkülle kann et sech ëm en neutral Deelercher, awer och ëm Radikalen, Ionen oder och ionesch Addukten handelen. Sou sinn z. B. vill Typpe vun interstellare Moleküllen ënner ierdesche Bedingungen net stabil. D'IUPAC nennt sou Deelercher molekular Objeten (en: molecular entity)