Nicolas Frantz
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicolas (Nic.) Frantz, gebuer de 4. November 1899 zu Mamer a gestuerwen den 8. November 1985 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Nicolas Frantz | |
---|---|
Gebuer |
4. November 1899 Mamer |
Gestuerwen |
8. November 1985 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Cyclocrossfuerer |
Hien ass zu Mamer a Wiewesch als Jong vum Bauer Mathias Frantz an deem senger Fra Anna Urbing op d'Welt komm. Schonn 1924 an 1926 ass hie beim Tour de France als Zweeten op de Podium geklommen. 1927 an 1928 gewënnt hien den Tour de France. 1928 ass him kuerz virum Zil d'Rumm vum Vëlo futti gefuer. Kuerzerhand ass hien dunn op en Dammevëlo vun enger Zuschauerin ëmgeklommen an ass ëmmer nach als éischten an d'Zil gefuer. Duerch den Accident hat hien allerdéngs 28 Minutte vu sengem Virspronk verluer. Hien ass och bis haut ee vun de wéinege Sportler déi vun der éischter bis zur leschter Etapp de Gielen Trikot unhaten, an zwar um Tour vun 1928.
Am Ganze stoung den Nic. Frantz 51-mol um Etappe-Podium vun der Grande boucle, 20-mol als éischten, 18-mol als zweeten an 13-mol als Drëtten. Op der éiweger Lëscht vun den Etappegewënnner am Tour steet hien domat op der 5. Plaz, nom André Darrigade a virum François Faber.
Den Nic. Frantz war sportleche Leeder vun de lëtzebuergeschen a lëtzebuergesche mixte Ekippen am Tour de France vun 1949 bis 1957. Säi Successeur bei der Ne -Lux Ekipp 1958 an 1959 war de Jean Goldschmit.