Offre publique d'achat
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng OP oder OPA, Offre publique (d'achat), ass en ëffentlechen Appell un d'Aktionären, hir Titele vun enger Aktiegesellschaft ofzetrieden.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sou een Appell muss, fir zougelooss ze ginn, a gewësse Formen a Konditiounen geschéien. Si sinn an de meeschte Länner gesetzlech festgeluecht, normalerweis, wéi zu Lëtzebuerg, duerch d'Bankenopsiicht. Duerch sou eng Operatioun versichen Aktionären oder aner Gesellschaften hiren Undeel um Kapital vun deene viséierte Gesellschaften opzebesseren, oder d'Kontroll driwwer z'iwwerhuelen. Et gëtt:
- frëndlech OP- oder OPAen a
- feindlech OP- oder OPAen.
Déi eng hunn d'Zoustëmmung vum Management vun der betraffer Gesellschaft, déi aner net.