Méizuel
an der Grammaire "méi wéi een" / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Méizuel (oder Plural, vum lat. (numerus) pluralis „wat an der Méizuel steet“, ofgeleet vu lat. plures „hirer méi“; ofgekierzt pl), ass an der Grammaire eng Bezeechnung fir en Numerus, dee "méi wéi een" ausdréckt. De Contraire ass d'Eenzuel (oder Singular).
A verschiddene Sprooche gëtt et eege Forme fir de sougenannten Dual (= wat sech op zwou Saachen oder Persoune bezitt), Trial (dräi Deeler) oder Paukal (e puer Deeler).