Provënzen an Territoirë vu Kanada
From Wikipedia, the free encyclopedia
Kanada ass ee Bundesstaat, dee sech aus zéng Provënzen an dräi Territoiren zesummesetzt.
D'Provënze si relativ autonom géigeniwwer der Bundesregierung. Eng Provënz kann nëmmen duerch eng Verfassungsännerung geschaf ginn. Territoire sinn déi Deeler vum Bundesstaat Kanada, déi net zu enger Provënz gehéieren. En Territoire huet manner Kompetenze wéi eng Provënz a kann duerch en einfacht federaalt Gesetz geschaf ginn.
Kanada ass 1867 nom Zesummeleeë vun dräi Provënze vum britteschen Nordamerika als Land ervirgaang: New Brunswick, Nova Scotia an d'Province of Canada (déi spéider an Ontario a Québec gespléckt gouf). Progressiv sinn déi aner Provënzen an Territoiren derbäikomm an och Deel vu Kanada ginn.