Putsch
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Putsch oder Staatsstreech (fr:: Coup d'État) ass de Versuch vun enger Minoritéit, mat enger iwwerraschender, meeschtens mat Gewalt verbonnener Aktioun d'Regierung ze stierzen an d'Muecht am Staat diktatoresch z'iwwerhuelen.
Putschisten si meeschtens Offizéier oder Cheffe vu paramilitäreschen Organisatiounen. Wann d'Putschisten zum Militär gehéiere schwätz ee vun engem Militärputsch. Dacks hëlt duerch e Putsch och eng Grupp d'Muecht, déi schonn Deeler vum Staat legitim kontrolléiert, z. B. wann eng Regierung oder e Regierungschef d'Parlament entmuecht, d'Legislativ deemno vun der Exekutiv ausgeschalt gëtt. Dacks féiert e Putsch zu der Herrschaft vun engem autoritäre Regimm, z. B. enger Militärdiktatur