Raymond Barre
franséische Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Raymond Octave Joseph Barre, gebuer den 12. Abrëll 1924 zu Saint-Denis (Réunion) a gestuerwen de 25. August 2007 zu Paräis war e franséischen Ekonomist a Politiker. Ënner dem President Valéry Giscard d'Estaing war hien tëscht 1976 an 1981 Premierminister vu Frankräich an, ënner de Presidente Jean Rey a Franco Maria Malfatti, tëscht 1967 an 1973 Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun.
Raymond Barre | |
---|---|
Gebuer |
12. Abrëll 1924 Saint-Denis |
Gestuerwen |
25. August 2007 5. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Professer |
Member vun | Académie des sciences morales et politiques |
1981 huet e kandidéiert fir franséische President ze ginn, blouf duerno Deputéierten an der Assemblée nationale. Hien huet um Institut d'Études Politiques Coursë ginn a war vun 1995 an 2001 Buergermeeschter Lyon.
Hien, dee sech selwer eng Kéier als Un homme carré dans un corps rond bezeechent huet stoung zwar de mëtt-riets Parteien no, war awer ni Member vun enger.