Robert Musil
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Musil, gebuer 6. November 1880 zu Klagenfurt an Éisträich a gestuerwen de 15. Abrëll 1942 zu Genf an der Schwäiz war en éisträichesche Schrëftsteller.
Robert Musil | |
---|---|
Gebuer | 6. November 1880 |
Gestuerwen |
15. Abrëll 1942 Genf |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Éisträich |
Educatioun | Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Bibliothecaire, Romancier, Dramatiker, Dréibuchauteur, Essayist, Ingenieur |
De Robert Musil war fir d'éischt Maschinnebauingenieur grad wéi säi Papp, den Alfred Musil, deen 1891 Professer op der Technescher Héischschoul zu Brünn war, an 1917 geadelt gouf. 1905 huet de Robert Musil säin éischte Roman: Die Verwirrungen des Zöglings Törleß publizéiert. Duerno huet hie Psychologie a Philosophie zu Berlin studéiert an do 1908 mat enger Thees an der Philosophie iwwer d'Wëssenschaftstheorie vum Ernst Mach promovéiert. Säin Haaptwierk - Der Mann ohne Eigenschaften - gëtt haut nieft der Recherche du temps perdu vum Marcel Proust, dem Ulysses vum James Joyce, an dem Zauberberg vum Thomas Mann zu de wichtegste Wierker vum 20. Joerhonnert gerechent. Leider huet seng literaresch Aktivitéit him trotz engem gewëssen Erfolleg ni eng finanziell sécher Situatioun garantéiert.
No senger Auswanderung an d'Schwäiz ass hie lues a lues vergiess ginn, an hien ass an zimmlech aarme Verhältnesser gestuerwen. Mat senger Fra huet hien zanter 1934 bal ausschliisslech vum "Robert Musil-Fonds" gelieft, dee vum Fürst Jan Otto Pächt zu Wien gegrënnt gouf. 1943 huet dem Robert Musil seng Fra, d'Martha Musil (Marcovaldi) den drëtte Band vum Mann ohne Eigenschaften als Nachlass erausginn. De 24. August 1949 ass d'Martha Musil zu Roum gestuerwen.