Shōhei Imamura
japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Shōhei Imamura, (jap. 今村 昌平 Imamura Shōhei), gebuer de 15. September 1926 zu Tokio an do gestuerwen den 30. Mee 2006 war e japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Shōhei Imamura | |
---|---|
Gebuer |
15. September 1926 Tokio |
Gestuerwen |
30. Mee 2006 Tokio |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Japan |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Enseignant, Regisseur |
Um Filmfestival zu Cannes krut de Shōhei Imamura zweemol déi Gëlle Palm
De Shohei Imamura kënnt an enger gutt situéierter Famill op d'Welt. Hien ass den drëtte Bouf vu véier Kanner. Säi Papp ass Dokter an dat huet de Shohei predestinéiert fir de selwechte Wee anzeschloen. Me et ass éischter den 12 Joer méi ale Brudder, dee sech fir Theater intresséiert an och an enger Trupp spillt, deen Afloss op de Shohei huet.
1945 schreift den Imamura sech op der renomméierter Waseda Universitéit an, a studéiert Literaturwëssenschaften. E Film vum Akira Kurosawa bréngt hien dozou selwer och Regisseur wëllen ze ginn.
1951 kënnt e bei de Filmstudio Shochiku, wou och den Yasujiro Ozu schafft a hie gëtt dem Ozu säin Assistent bei de Filmer Eté précoce (麦秋 Bakushû, 1951), Le goût du riz au thé vert (お茶漬の味, Ochazuke no aji, 1952) a Voyage à Tokyo (東京物語, Tokyo monogatari, (1953).
Déi enk Zesummenaarbecht féiert dozou, datt den Imamura spéider ëmmer erëm mam Ozu verglach gouf. Den Imamura selwer awer war der Meenung, datt den Ozu nëmme géif dat “offiziellt“ Japan mat sengen Traditioune weisen, wärend hien um wierkleche Japan intresséiert wier.
1954 verléisst den Imamura d'Shochiku Studioen a geet bei Nikkatsu wou en 1958 säin éischte Film dréie kann Désirs volés. Nikkatsu war iwwer dës méi radikal an exzentresch Produktioun net wierklech erfreet an huet den Imamura gezwonge méi op reng Ënnerhalung ausgeriichte Filmer ze dréien. Et sinn dat Devant la gare de Ginza, Désir inassouvi a Mon deuxième frère.
1961 däerf en nees en eegene Projet realiséieren. Cochons et cuirassés iwwer déi amerikanesch Militärbase zu Yokosuka. Nikkatsu war entsat, an déi nächst zwee Joer krut den Imamura keen Optrag. 1963 inszenéiert hien La femme insecte an 1964 Désir meurtrier. Mat dësen dräi Filmer kann den Imamura sech als ee vun de wichtegste Personnagë vun der japanescher Nouvelle Vague etabléieren.
Fir eege Projeten ouni Contraintë kënnen ze realiséieren, grënnt de japanesche Regisseur 1965 seng Produktiounsfirma Imamura Productions. Éischte Film ass dem Akiyuki Nozaka säi Buch Erogotoshi-Tachi (Les pornographes) aus dem Joer 1963 iwwer d'Liewen zu Osaka.