Siegfried Schürenberg
däitsche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Siegfried Schürenberg gebuer als Siegfried Wittig den 12. Januar 1900 zu Detmold a gestuerwen den 31. August 1993 zu Berlin war en däitsche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Siegfried Schürenberg | |
---|---|
Gebuer |
12. Januar 1900 Detmold |
Gestuerwen |
31. August 1993 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Synchronspriecher, Filmschauspiller |
Zoumaachen
Am Kino war de Siegfried Schürenberg vun 1933 bis 1941 an enger 20 Filmer ze gesinn. Vun 1942 bis 1954 huet hien haaptsächlech Theater gespillt sou am Krich zu Stroossbuerg am Stadtheater an nom Krich am Schauspielhaus zu Zürich. Vun 1954 u war hien och erëm am Film aktiv. Hien huet an iwwer 80 Filmer matgespillt. Besonnesch opgefall a bekannt ass hien duerch d'Roll vum Scotland Yard Chef Sir John ginn, déi hien an de Filmer aus der Edgar Wallace Serie an den 1960er Jore gespillt huet.