Stär
Himmelskierper / From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner engem Stär versteet een en Himmelskierper dee vu sech aus liicht, aus Plasma besteet, an deem seng Stralungsenergie duerch Kärfusioun bannen am Stär entsteet. Awer och déi kompakt Endstadie vun der Stärenentwécklung, wéi Neutronestären a wäiss Zwergen, ginn zu de Stäre gezielt, och wa se nëmmen duerch hir Reschtwäermt Stralung ofginn.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Stären um Himmel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Stär (Homonymie). |
Fréier gouf de Begrëff Fixstär fir d'Ofgrenzung géintiwwer Wandelstäre gebraucht. Awer och d'Fixstäre beweege sech, wann och nëmme ganz lues, miessbar um Himmel. Sou wäerten an e puer dausend Joer déi haiteg Stärebiller net méi z'erkenne sinn.
Um ganzen Himmel sinn ongeféier 6.000 Stäre mat bloussem A z'erkennen. Den Ubleck vun deenen anscheinend strukturlose Punkten um Himmel ka liicht doriwwer ewech täuschen, datt d'Stären net nëmmen duerch hir Distanz, mä och duerch déi immens Variatiounsbreete vun hiren Temperaturen, Liichtkraaft, Massendicht, Volumen a Prozesszäiten, Wäerter iwwerspanen, déi een duerchaus als astronomesch bezeechne kann. Sou kéint een déi baussenzeg Schichte vu roude Risestären no de Krittäre vun der ierdescher Technik als Vakuum bezeechnen, wougéint dat Bannenzegt vun Neutronestäre sou dicht ass, datt en Téiläffel dovu sou vill wéi e ganze Bierg weie géif. Geneesou ginn déi bedeelegt Temperature vun e puer dausend bis zu e puer Milliarde Kelvin. Nieft deenen extreem ënnerschiddlechen Erschéngungsforme vu Stäre gëtt et awer och dacks en zimmlech grousse Räichtum u bannenzege Strukturen. Dësen Artikel kann dowéinst och nëmmen e graffen Iwwerbléck ginn an op Artikele weisen, déi méi wäit féieren.