The Family of Man
From Wikipedia, the free encyclopedia
The Family of Man ass eng Fotosausstellung, déi vun 1951 un vum US-amerikanesche Fotograf Edward Steichen, engem gebiertege Lëtzebuerger, zesummegestallt gi war. Der New York Times no symboliséiert se the universality of human emotions. Si gouf 2003 an d'UNESCO-Gediechtnes vun der Welt opgeholl.
De 24. Januar 1955 ass am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York eng Fotoaustellung, The Family of Man, opgaangen. Aus iwwer 2 Millioune Fotoe ware fir d'éischt emol 10.000 Stéck erausgesicht ginn; aus deene goufen 503 Fotoen ausgewielt, vun 273 Fotografen aus 68 Länner.
Dat ass déi bedeitends Fotoaustellung vun allen Zäiten. No dem groussen Erfolleg am MoMA sinn d'Biller op Welttournée gaangen. Dofir waren e puer Kopië vun der Ausstellung gemaach ginn. Bis 1964 haten iwwer 9 Millioune Leit se gesinn.
E Saz vun der Ausstellung huet d'amerikanesch Regierung, op Demande vum Edward Steichen, 1966 dem Lëtzebuerger Staat vermaach, an dat, obwuel 1952 d'Lëtzebuerger Regierung en domat brüskéiert hat, wéi se refuséiert hat, datt d'Ausstellung zu Lëtzebuerg hir Welttournée sollt ufänken. Mä och jorelaang duerno wousst kee richteg eppes domat unzefänken; se ass an d'Klierfer Schlass tëscht Krichskreemchen a Buergmaquettë gepaakt ginn. Eng Rëtsch Panneauen, fir déi keng Plaz war, si souguer op engem Späicher gelant, wou se Fiichtegkeet an extreeme Wiederconditiounen ausgesat waren. Eréischt ufanks der 1990er Joren ass d'Ausstellung duerch den CNA fachkënneg restauréiert an an e wierdege Kader gesat ginn.
No enger kuerzer Tournée, ënner anerem a Japan, gouf d'Ausstellung definitiv am Klierfer Schlass, an engem erweiderte Kader, an no hirem urspréngleche Lay-out, installéiert.
2003 gouf Family of Man an d'Memory of the World Register vun der UNESCO opgeholl.
E puer vun de Fotografen, vun deenen e Wierk an der Ausstellung hänkt:
- Vum Ansel Adams de Mt. Williamson;
- Dem Ernst Haas seng Foto vum Albert Einstein;
- 2 Fotoe vun der Dorothea Lange an eng vun der Doris Ulman vun der Hongersnout a Kalifornien an den 30er Joren;
- Dem William Eugene Smith seng Foto Walk into Paradise Garden;
- E puer Fotoe vum Robert Doisneau,
- Biller vum Henri Cartier-Bresson aus dem Kashmir, vum Werner Bischof aus Japan, asw.