Université catholique de Louvain
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Université catholique de Louvain, kuerz UCLouvain, ass eng franséischsproocheg Universitéit an der Belsch.
Université catholique de Louvain (UCLouvain, UCL) | |
---|---|
Typ | Organisatioun, Educatiounsinstitut |
Land | Belsch |
Schülerzuel | 40.000 |
18. September 2023 | |
Gegrënnt | 1425 (julianesch) |
Um Spaweck | https://uclouvain.be/ |
Si gouf gegrënnt, nodeem am September 1968 d'Kathoulesch Universitéit Léiwen an der Folleg vun der sougenannter Walen buiten-Krisis 1968 gedeelt gouf. Zu Léiwen ass déi reng flämeschsproocheg Universitéit iwwregbliwwen, an déi franséischsproocheg Enseignementer hu sech en neit Doheem misse sichen. Sou gouf decidéiert, op der grénger Wiss net nëmmen e Campus fir eng nei Universitéit ze bauen, mä och déi nei Uertschaft Louvain-la-Neuve, déi lo rondrëm läit an eng Sektioun vun der Gemeng Ottignies-Louvain-la-Neuve ass. Fir d'Rentrée am Oktober 1972 konnten déi éischt Studenten zu Louvain-la-Neuve, dat deemools nach e grousse Schantje war, an d'Gebaier anzéien.