Władysław Reymont
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Władysław Stanisław Reymont, fir richteg Stanisław Władysław Rejment, och Włdyław Reymont, gebuer de 7. Mee 1867 zu Kobiele Wielkie bei Radomsko, a gestuerwen de 5. Dezember 1925 zu Warschau, war e polnesche Schrëftsteller, Prosaist an Novellist an ee vun den Haaptrepresentante vum Realismus (mat Aflëss aus dem Naturalismus). Hien huet zu der Beweegung Młoda Polska ("Jonkt Polen") gehéiert.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Władysław Reymont | |
---|---|
Gebuertsnumm | Władysław Stanisław Rejment |
Gebuer | 7. Mee 1867 |
Gestuerwen |
5. Dezember 1925 Warschau |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Prosaist |
Zoumaachen
1924 huet hie fir säi Roman Chłopi ("Baueren"), deen a véier Bänn, eng pro Joreszäit, ënnerdeelt ass, den Nobelpräis fir Literatur kritt.
Zu sengen Éiere gouf de Fluchhafe vu Łódź 2005 no him Władysław-Reymont-Fluchhafen Łódź genannt.