Walnut Lane Bridge
Bréck zu Philadelphia / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Walnut Lane Bridge ass eng Stroossebréck zu Philadelphia am Philadelphia County, a Pennsylvanien, an Amerika.
Se gouf tëscht 1906 an 1908 gebaut. Et ass eng Boubréck déi aus Béton-armé gebaut ass, an et ass eng Copie vun der Neier Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi hiresäits am Stee gebaut ass. De Chef-Ingenieur vum Bau war den George S. Webster, assitéiert vum Ingenieur Henry E. Quimby. D'Bréck gouf vun der Konstruktiounsfirma Reilly & Riddle gebaut.
Se huet eng Totallängt vun 146,30 Meter, an ass 18,28 Meter breet. D'Héicht iwwer dem Waasser ass 44,81 Meter, an de Bou huet eng Spanwäit vun 71,02 Meter.