Wendekrees
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Wendekreesser sinn déi béid Breetekreesser vu jee 23°26'16" nërdlecher a südlecher Breet, déi fir d'Sonnebunn Grenzmarken duerstellen. D'Wendekreesser verlafen 2.609 km nërdlech a südlech vum Equator. Tëscht dem nërdlechen a südleche Wendekrees sinn d'Tropen.
All Kéier bei der Sonnewend (20./21. Juni an 21./22. Dezember) erreecht de Sonnestand op der Nord- resp. Südhallefkugel op de Wendekreesser den Zenit; d'Sonn steet da mëttes um héchstméigleche Punkt an e vertikale Staf deen um Buedem steet wërft da kee Schiet. D'Ofwäichung (Deklinatioun) vun der Sonn vum Himmelsequator ass zu dësen Zäitpunkte maximal an hëlt duerno nees of. Baussenzeg vun de Wendekreesser steet d'Sonn ni um Zenit, tëscht de Wendekreesser, zweemol am Joer, um Equator all Kéier beim Fréijoers- an Hierschtufank um mëttes Richteg Lokalzäit.
D'Wendekreesser änneren hir exakt Lag mat der Schréi vun der Ekliptik. Am Ament beweege si sech mat enger Vitess vu ronn 1 Bouminutt an 128 Joer oder och 14,4 m pro Joer op den Equator zou. Ursaach ass d'Nutatioun vun der Äerdachs.