Wesley Snipes
amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wesley Snipes, gebuer den 31. Juli 1962 zu Orlando a Florida, ass en US-amerikanesche Schauspiller. Hien ass warscheinlech am meeschte bekannt ginn duerch seng Roll als Vampirkiller an der Blade Filmtrilogie.
Wesley Snipes | |
---|---|
Gebuertsnumm | Wesley Trent Snipes |
Gebuer |
31. Juli 1962 Orlando |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Fiorello H. LaGuardia High School, State University of New York |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Karateka, Taekwondoka, Filmproduzent, Sänger, Theaterschauspiller |
De Wesley Snipes ass am Süde vun der New Yorker Bronx, bei senger Mamm, opgewuess. An der High School of performing Arts, New York, huet hien Danz, Gesang a Schauspillerei geléiert. An der State University of New York huet hien nieft Ekonomie och Theaterkonscht geléiert. An dëser Klass waren nëmme véier Afro-amerikaner.
An e puer Filmer hat hie kleng Niewerollen, huet bei verschiddene Bünestécker um Broadway matgespillt, konnt awer sechs Joer net dovu liewen. Nodeem hien dem Malcolm X seng Biographie gelies huet, ass hien zum Islam gewiesselt.
Eréischt no enger Roll als Gang-leader am Michael Jackson sengem Museksvideo Bad, ass hien als Schauspiller opgefall a krut seng éischt grouss Filmroll am Film Major League. De Wesley Snipes leet sech net gär op ee Stil fest, an ass och zum Spike Lee sengem Liblingsschauspiller ginn. De Wesley Snipes gehéiert haut zu deene bekanntste Schauspiller vun Hollywood, an huet och scho Regie a verschiddene Filmer geféiert.
1997 huet de Wesley Snipes de Präis Coppa Volpi als beschten Haaptduersteller am Film One Night Stand kritt. Am Joer 1998 huet hien e Stär um Walk of Fame krut. Am selwechte Joer huet hie säin Éierendoktorat vun der SUNY/Purchase Universitéit iwwerreecht kritt.
Iwwer säi Privatliewen ass relativ wéineg bekannt. Vun 1985 bis 1990 war hie bestuet. Hien huet och ee Kand.
Wéinst senger ganz kierperbetounter Schauspillerei zielt hien zu de wéinege bekannte schwaarzen Actionstaren.